Eis Fuederungen
Motiv, Zweck an Hannergrond
Als déi schnellst wuessend Glaawens- a Wessensgemeinschaft an der Geschicht vun der Menschheet befennt sech d’Kierch vum fléiende Spaghettimonster ganz kloer an enger Positioun, Fuederungen un de Stat ze stellen, sou dass a noer Zukunft souwuel eis reliéis Virstellungen wéi awer och eis wessenschaftlech Erkenntnisser hieren berechtegten Afloss op eis Gesellschaft erhaalen kennen. Zudem wierkt eng vollwerteg Integratioun vum Spaghettimonsterismus enger soss wahrscheinlecher reliéiser Paralellgesellschaft präventiv entgéint.
D’Errungenschaften vum Spaghettimonsterismus sinn bekannt: net nemmen ass et eiser Kierch gelongen, reliéise Glaawen an empirech Wessenschaft ze vereenegen, mee se huet och aus där Symbios eng Wertvirstellung geschöpft, déi hieresglaiche sicht. Kuerz: d’Kierch vum fléiende Spaghettimonster ass en zivilisatorechen Fortschrett vu monumentalen Ausmoossen.
Prozess an Ausféierung
Statlech Unerkennung an Ennerstetzung a Form vu Steiergelder a politechem Afloss sinn aus deene Grenn selbstverständlech. Mär ginn dervun aus, dass eisen Usproch als eng reng Formalitéit behandele get, sou dass méiglech juristech Schrett onnéideg sinn.
Fir de bürokratechen Opwand ze vereinfachen an eise Partner, de letzeboieche Stat, ze entlaaschten, si mär bereed drop ze verzichten, déi noutwendeg Kriterien ze erfellen, déi de Stat u reliéis Gemeinschaften stellt, déi an de Genoss vun enger Konventioun komme wellen. Dese Verzicht ass als e Geschenk vu SENGER Nuddelegkeet ze werten an eng Ofleenung vu statlecher Seit géif vun eiser Gemeinschaft als eng déif Beleidegung géigeniwwer eisem Glaawen betruecht ginn. Mär si selbstverständlech der fester Iwwerzeegung, dass de letzeboier Stat als weltweite Virreider a Saache weltanschaulech Gerechtegkeet an Toleranz eis Invitatioun fir eng reliéis a wessenschaftlech Zesummenarbecht net oofleene kann a well.
Fuederungen an Usprech
- Mat Hibléck op d’Artikelen 22 an 106 vun eiser Konstitutioun eng Konventioun tescht dem letzeboieche Stat engerseits an der Kierch vum fléiende Spaghettimonster anerseits. Objet vun der Konventioun ass d’Erschaafe vum Posten “Kapitän” (C7) souwéi vun 4 weideren Posten “Matrous”(C2), déi vum Stat finanzéiert ginn. Mär behaalen et als Optioun, weider Posten anzefuederen, wann d’Gemeinschaft bis méi grouss ass.
- D’Erbauen, d’Finanzéierung an den Ennerhalt vun insgesamt 4 reiliéisen Forschungszentren, jeweils een am Zentrum, Süden, Osten an Norden vum Land.
- Am Schoulwiesen vun der Spillschoul bis an de Lycée 2 Stonnen obligatorechen Spaghettimonsterologie-Unterrecht.
- Op der Uni-Letzebuerg e Fachberaich fir Spaghettimonsterologesch Fuerschung
Nach innerhalb vun de nächste Méint werte mer eis an engem offizielle Schreiwen un de Ministère des Cultes wenden, sou dass eisen Fuederungen an Usprech nach an desem Summerlach Reschnung gedroe ka ginn.
Ech kann iech nëmmen ënnerstëtzen.Wëll op emol hu mer just nach spaghettisgewéinlech fundamentalistesch Atheisten dorëmmer laafen, an eist rhamescht Spaghittismonster geet schwabbelesch an der allgemenger Evolutioun zu Gronn.