jump to navigation

En Abléck an eis Kultur: Feierdeeg August 15, 2007

Posted by Pastafari in Glaawen.
add a comment

D‘PASSTAHFEST ass e reliéise Feierdag, deen an etwa dem jiddesche Passahfest an dem chreschtlechen Ouschterfest entsprecht. An deser Zäit fille sech d’Pastafarianer op aller Welt dozou ermontert, grouss Mengen vu Pasta – meeschtens a Form vu Spaghettien – z’iessen, déi vu Familienmemberen an Piratekleedung no SENGEM Ebenbild gekacht goufen. Um Passtahfest feiert een déi Zäit un deem d’fléiend Spaghettimonster ugefaangen huet, d’Menschen mat senge nuddlegen Unhängsel ze beréieren. Am Laaf vun de Jorhonnerten huet ee sech onzieleg Geschichten iwwert dee bedeitendste Moment erzielt an interessanterweis sinn dess komplett ënnerschiddlech. Verschiddener sinn souguer komplett onverständlech. Mee egal wéieng Versioun d’Pastafarianer hier eege nennen, sou brieche se hier Pasta matenaner an beginn dat rituellt „Reechen vun der Aanklapp“, woubäi déi Uwiesend um Desch ofwiesselnd eng Aanklapp droen an dovunner erziele, wisou se glécklech sin, dass se beréiert goufen.

De RAMENDAN entsprecht der moslemescher Zäit vum Faaschten, de Gebieder an der Nächsteléift: dem Ramadan. Ramendan fennt etwa ëm dei selwecht Zäit statt wéi de Ramadan, an tatsächlech gett et e puer Gemeinsamkeeten. Ee vun den Haaptennerscheeder ass allerdings deen, dass Pastafarianer weder faaschten nach bieden, vu dass beides se an Konflikt mat hiere flauschege Moralvirstellungen brénge géif. Stattdessen ernähre se sech all Mound e puer Deeg laang ausschliesslech vun Instant-Nuddelzoppen, fir dier Zäit ze gedenken, wou si nach hongereg Studente waren. Dëse schlichten Akt léiert d’Pastafarianer, glécklech ze sinn mat deem wat se erreecht hunn. Falls se awer nach naischt erreecht hunn, da léiert et se glécklech ze sinn, dass si Pastafarianer sinn. Ramendan ass deen onkommerziellste pastafarianesche Feierdag an dat well eppes heeschen! Um Enn vum Ramendan da gin d’Pastafarianer encouragéiert, hier iwwerschësseg Ramen-Nuddelzoppen u Bedürfteger ze verschenken.

HALLOWEEN ass ee vun deene bedeitenste pastafarianeschen Feierdeeg. Mat dësem Fest éiere mir déi Zäiten, wou Pirate nach an aller Fräiheet iwwert d’Weltmierer gesegelt sinn. Un Halloween verkleede sech d’Pastafarianer oft als Piraten an verdeele Séissegkeete un d’Kanner. Tatsächlech ass den Ëmstand kaum bekannt, dass d’Pirate fréier dofir bekannt waren, Kanner Séissegkeeten ze schenken, mee d’Piraten hu vun deser Praxis Ofstand geholl säit ugefaange gouf, se ze verfolgen. Un Halloween ginn d’Pastafarianer opgefuedert, duerch hiert Véirel ze streunen – wa schon net iwwert déi siwe Weltmierer – an no Grog a Weiber Ausschau ze halen.

Den internationale SCHWÄTZ-WEI-E-PIRAT-DAG fennt all Joers de 19. September statt an ass eng excellent Geleenheet fir d’Pastafarianer, hier Piratewuerzelen ze feieren. Ähnlech wei un Halloween solle Pastafarianer sech och un dësem Dag op d’Sich no Grog an Weiber maachen. Séissegkeete sin optional. Ausserdeem kann drop higewise ginn, dass den internationale Schwätz-wei-en-Pirat-Dag eng gudd Geleenheet ass fir Missionéirungsaarbecht, well Grog och déi hartnäckegst Geeschter mell kritt an se fir alternativ Usiichten opmecht. Et gett geschaat, dass etwa d’Halschend vun de jährleche Bekéirungen zur Kierch vum fléienden Spaghettimonster un dësem Dag stattfannen.

FREIDES ass den hellege Wochendag bei den Pastafarianer. Während dësem besonnegen Dag sollen d’Pastafarianer et roueg ugoe loossen an wa meiglech e besse Sonn tanken. Freideger sinn deenen Idealer virbehalen, fir déi de Béiervulkan an d’Strippermanufaktur stinn. Et kann ee SENGE nuddlegen Unhängsel déi allergréissten Eier erweisen, wann ee Freideger mat grousser Pietéit begeet.

Zu de FESTDEEG ziele sou zimlech all déi grouss kommerziell ausgeschluechte Feierdeeg, déi och vun anere Relioune begaange ginn. Dess Festdeeg huele praktesch de ganzen Dezember an Usproch an zéihe sech bis an de Januar eran. Et ass erstaunlech ze gesin, wéi weit sech de Spaghettimonsterismus an deene leschte Joere verbreed huet. A ville Schoulen an Geschäfter ass mëttlerweil guer net méi vun „Chreschtdagszäit“ riets, mee vun de pastafarianesche „Festdeeg“. Dat ass ee sechere Beweis dofir, wei schnell mir wuessen.

Fir dess Iwwersetzung an Interpretatioun aus dem Evangelium e grousse Merci un eise grousse Pastafari a Pastheolog „Pharao“!

Advertisements