jump to navigation

Eise Glaawen

spagh4

Letzebuerg ass vu SENGE nuddelegen Unhängsel beréiert!

Nodeems d’Kierch vum fléiende Spaghettimonster honnerte vu Joeren am Ennergrond existéiert huet, war am Joer 2005 d’Zait reif, un d’Effendlechkeet ze goen. Eise grousse Prophet, de Bobby Henderson, huet mat engem Schreiwen d’Welt iwwert SENG Nuddelegkeet a Kenntnis gesat. Seitdeem breed sech eise Glaawen iwwert de ganze Globus aus an eis Gemeinschaft zielt mettlerweil Milliounen wann net Dausende vu Pastafari. Domat ass de Spaghettimonsterismus déi am schnellste wuessend Glaawensgemeinschaft an der Geschicht vunn der Menschheet!

Graff vereinfacht beseet eise Glaawen, dass d’Welt an alles wat mer kennen (Bierger, Beem, Zwergen, asw) vu SENGER Nuddelegkeet erschaaf goufen, a verfügt dobai iwwert eng ganz Rei vu Virdeeler géigeniwwer den traditionelle Reliounen:

Trotz deenen staarken Argumenter get eis awer leider oft nogesoot, eis Relioun géif just dem Zweck dingen, aaner Reliounen op satirech Art a Weis ze kritiséieren oder Messstänn opzedecken, déi d’Verhältnis tescht Stat a Reliounen betreffen. Dovun distanzéiere mär eis ausdrecklech! Et handelt sech dobai just em Onwouerechten, déi vu messgenschtege Leit geziilt an d’Welt gesat ginn, fir eis an eise Glaawen ze diskreditéieren. Falls trotzdem iegendeppes op desem Site net 100% seriéis eriwwerkennt, dann handelt et sech dobai em pueren Zoufall.

Advertisements

Kommentare»

1. Polinator - August 4, 2007

Daat Mund ,dat do

2. Sven | Blog 7 - August 7, 2007

Boah, ech hun Honger.

3. Pharao - August 11, 2007

Ech gi mol dovun aus dass de Verzehr vu Spaghettien der chreschtlecher Eucharistiefeier gleichkennt, vu dass Spaghettien jo SEIN Leiw duerstellen…

4. Flammang Jean-Jacques - November 14, 2007

De Pharao ass guer nët esou domm a sengen Iwwerleeungen. Mee nach eppes aneschters. Ech hun d’Spaghettismonster gëschter begéint,an ët huet mer gesoot, ët misst een onbedingt aus den Itteën Pastafari maachen, soss wiir ët gläich eriwwer mat der Nuddelsgedold. Ech huelen dee Message ganz eecht, a soen RAmen, ruffen awer och all Pastafari weltwäit op, den Itteën onbedingt ze hëllefen.

5. Yves - April 19, 2008

Sou weit ech wees ginn et Beiervulkaner sou weit een gesseit am Himmel an net nemmen een.
Et en plus kann den unsproch den eenzeg richtegen Glawen ze sin geingt den 7. “I’d Really Rather You Didn’t” versteisst. Loss d’Leit glewen wat se wellen.
Soss fannen ech et eng cool Aktioun dass mer endlesch och zu Letzebuerg eng gemeinschaft hun. Wann et mol zu engem treffen kennt, well ech onbedengt dobei sinn. SPAGETTIFREES oder sou.

6. prinzessin ravioli - November 27, 2009

endlech hun ech meng ultimativ richteg glaawensgemeinschaft fond, luuuuuujaaaaaaapastalujaaaaaa:-))))

ech sin eng iwerzeegten piratin an kraiderhex, gebuer ufank vun de sechzeger joeren am läschten joerhonnert… nach net ganz gaga, awer um richtege wee;-)

ech schloen mech daaper duerch mein nuddelecht liewen, bis elo alleng matt menger leift zu der göttlecher pasta …((( mais elo hun ech hei endlech den tempel fir mein glaaw entdeckt.

nueddeli iech all an dreemt schein,

prinzessin ravioli, piratin an kraiderhex op der sauer


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

w

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: