jump to navigation

empirech Beweiser

Ier mer zu de wesseschaftlechen Detailer kommen, hei als eischt emol eng rezent Siichtung, fir all Zweifel u SENGER realer Existenz ze eliminéieren:

Hei dann eng Zeeschnung vunn eisem Prophet, déi d’Spaghettimonster beim Erschaafe vunn der Welt op kenschtlerech Art a Weis festgehaalen huet.

Opfälleg: d’Ähnlechkeeten zur Welt, wéi mär se mat eise Sennesorganer wouerhuelen, sinn onverkennbar! En Zoufall ass domat ausgeschloss.

Domat awer nach net genuch. Weder déi traditionell Reliounen, nach d’Schoulwessenschaft hunn och haut am 21. Jhd. nach emmer keng vernünfteg Erklärung fir physikalech Phänomener ewéi zB d’Gravitatioun. Graff betruecht zirkuléieren haut zwou gängeg Theorien:

  1. d’Gravitatioun ass vu Gott erschaaf ginn, fir dass mer net vunn eisem Planéit faalen. Dess Theorie klengt plausibel, et fehlt awer de wessenschaftleche Beweis.
  2. d’Gravitatioun get duerch komplex mathematech Gleichungen erklärt. Aus engem wessenschaftleche Bléckwenkel mag desen Usatz sennvoll erschengen, leider kann awer kaum een eppes domat ufänken.

D’Vertrieder vu beiden Theorie befannen sech also um Holzwee. Als eenzeg glafwierdeg Weltanschauung verfügt de Spaghettimonsterismus iwwert eng souwuel wessenschaftlech korrekt, wéi och verständlech Theorie:

Den absolut sechere Beweis besteet doran, dass d’Menschen haut méi grouss sinn wéi fréier. Mee wat huet dat elo mat der Gravitatioun ze dinn? Op deser Grafik ass et liicht vereinfacht duergestallt:

Wessenschaftlech Erläuterung: De Mensch war fréier am Duerchschnett méi kleng wéi haut, well e mat méi onsichtbaren Spaghettien um Erdbuedem befestegt war. Haut wou et méi Menschen get, stinn fir den Eenzelne natiirlech och manner Nuddlen zur Verfügung. Aus dem Grond hällt et en net méi sou fest um Buedem, wat en an d’Luut wuesse léist.

Paralell dozou hu mer och festgestalt, dass de Mensch och d’Fléien, sief et an der Loft oder am Weltraum, erreicht erléiert huet, nodeems et méi Menschen gouf: Je méi Menschen et ginn, desto manner Spaghettien pro Mensch, wat zur Konsequenz huet, dass mer och méi heisch an den Himmel virdréngen kennen. Weider Detailer op folgender Grafik:

Alternativ zu deser Theorie laafen an desem Moment Forschungsustrengungen mat Hibléck op e vollkommen emgedréinten Usatz, deen iwwert eng Brisanz ewéi déi vunn der kopernikanecher Wende verfügt: D’Spaghettien haalen eis net um Erdbuedem fest, mee se drecken eis vun uewen erof. Desst kéint eist komplett Weltverständnis revolutionéieren! Weider Detailer sinn dem Schaubild ze enthuelen:

Advertisements

Kommentare»

1. pa - August 5, 2007

Keng Beweiser, weg. Mat Beweiser brauch een jo nemmi drun ze gleewen, wéll ee jo e Beweis huet an ouni Glaawen kann eng Religioun net existéiren.

2. Tchup - August 5, 2007

Eise Glaawen hiewt sech jo grat doduerch vunn den traditionellen Reliounen of, dass mer net nemme Glaawen, mee villméi och Wessenschaft sinn. D’Symbios tescht glafwierdegem Wessen a wessenschaftlechem Glaawen ass de Schlessel zum Erfolleg an de Grond, wisou de Pastafarismus d’Welt sou schnell opklären konnt.

3. Charles Betz - August 5, 2007

Jo dat get Sënn!

4. Tchup - August 7, 2007

Soulang de Géigendeel net bewise kann ginn, musse mer aus wessenschaftstheoretechen Ursachen dervun ausgoen, dass et sech esou verhällt.


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: