jump to navigation

Eise nuddlegen Här September 22, 2007

Posted by Pastafari in FSM Weltweit, Konscht.
add a comment

Our Noodly Lord

High in the sky, unseen by the masses
Enlightening people as he silently passes
Extending an appendage that’s noodly in shape
He gives people wisdom, leaving them mouth agape.
Though nobody knows what his intentions may be,
One thing is certain; it’s easy to see:
His Noodliness is benevolent and wise
Dishing out knowledge as he flies through the skies.
The FSM is here to help
Floating around like a great ball of kelp
Though he can enlighten, go through walls, and fly
We must always ask ourselves why
He does the things that he does
For we are forever in his debt because,
Whether he’s friendly, helpful, or just bored
He will always love us, Our Noodly Lord.

venganza 

Advertisements

FSM vs. IPU September 2, 2007

Posted by glaubiger in Uncategorized.
add a comment

Wann d‘ Kiirch vum FSM keng friddlech Relioun wier, keint ee Reliounskrich sou ausgesin :

FSM – Karikatur August 19, 2007

Posted by Pastafari in Beleidegungen.
add a comment

Hei eng Abscheulechkeet, déi mer am weltwäite Netz fonnt hunn:

www.fsm.lu August 16, 2007

Posted by Pastafari in Uncategorized.
1 comment so far

D’Internet-Präsenz vun der Kierch vum fléiende Spaghettimonster ass vun haut un och ennert der Address „www.fsm.lu“ erreechbar.

En Abléck an eis Kultur: Feierdeeg August 15, 2007

Posted by Pastafari in Glaawen.
add a comment

D‘PASSTAHFEST ass e reliéise Feierdag, deen an etwa dem jiddesche Passahfest an dem chreschtlechen Ouschterfest entsprecht. An deser Zäit fille sech d’Pastafarianer op aller Welt dozou ermontert, grouss Mengen vu Pasta – meeschtens a Form vu Spaghettien – z’iessen, déi vu Familienmemberen an Piratekleedung no SENGEM Ebenbild gekacht goufen. Um Passtahfest feiert een déi Zäit un deem d’fléiend Spaghettimonster ugefaangen huet, d’Menschen mat senge nuddlegen Unhängsel ze beréieren. Am Laaf vun de Jorhonnerten huet ee sech onzieleg Geschichten iwwert dee bedeitendste Moment erzielt an interessanterweis sinn dess komplett ënnerschiddlech. Verschiddener sinn souguer komplett onverständlech. Mee egal wéieng Versioun d’Pastafarianer hier eege nennen, sou brieche se hier Pasta matenaner an beginn dat rituellt „Reechen vun der Aanklapp“, woubäi déi Uwiesend um Desch ofwiesselnd eng Aanklapp droen an dovunner erziele, wisou se glécklech sin, dass se beréiert goufen.

De RAMENDAN entsprecht der moslemescher Zäit vum Faaschten, de Gebieder an der Nächsteléift: dem Ramadan. Ramendan fennt etwa ëm dei selwecht Zäit statt wéi de Ramadan, an tatsächlech gett et e puer Gemeinsamkeeten. Ee vun den Haaptennerscheeder ass allerdings deen, dass Pastafarianer weder faaschten nach bieden, vu dass beides se an Konflikt mat hiere flauschege Moralvirstellungen brénge géif. Stattdessen ernähre se sech all Mound e puer Deeg laang ausschliesslech vun Instant-Nuddelzoppen, fir dier Zäit ze gedenken, wou si nach hongereg Studente waren. Dëse schlichten Akt léiert d’Pastafarianer, glécklech ze sinn mat deem wat se erreecht hunn. Falls se awer nach naischt erreecht hunn, da léiert et se glécklech ze sinn, dass si Pastafarianer sinn. Ramendan ass deen onkommerziellste pastafarianesche Feierdag an dat well eppes heeschen! Um Enn vum Ramendan da gin d’Pastafarianer encouragéiert, hier iwwerschësseg Ramen-Nuddelzoppen u Bedürfteger ze verschenken.

HALLOWEEN ass ee vun deene bedeitenste pastafarianeschen Feierdeeg. Mat dësem Fest éiere mir déi Zäiten, wou Pirate nach an aller Fräiheet iwwert d’Weltmierer gesegelt sinn. Un Halloween verkleede sech d’Pastafarianer oft als Piraten an verdeele Séissegkeete un d’Kanner. Tatsächlech ass den Ëmstand kaum bekannt, dass d’Pirate fréier dofir bekannt waren, Kanner Séissegkeeten ze schenken, mee d’Piraten hu vun deser Praxis Ofstand geholl säit ugefaange gouf, se ze verfolgen. Un Halloween ginn d’Pastafarianer opgefuedert, duerch hiert Véirel ze streunen – wa schon net iwwert déi siwe Weltmierer – an no Grog a Weiber Ausschau ze halen.

Den internationale SCHWÄTZ-WEI-E-PIRAT-DAG fennt all Joers de 19. September statt an ass eng excellent Geleenheet fir d’Pastafarianer, hier Piratewuerzelen ze feieren. Ähnlech wei un Halloween solle Pastafarianer sech och un dësem Dag op d’Sich no Grog an Weiber maachen. Séissegkeete sin optional. Ausserdeem kann drop higewise ginn, dass den internationale Schwätz-wei-en-Pirat-Dag eng gudd Geleenheet ass fir Missionéirungsaarbecht, well Grog och déi hartnäckegst Geeschter mell kritt an se fir alternativ Usiichten opmecht. Et gett geschaat, dass etwa d’Halschend vun de jährleche Bekéirungen zur Kierch vum fléienden Spaghettimonster un dësem Dag stattfannen.

FREIDES ass den hellege Wochendag bei den Pastafarianer. Während dësem besonnegen Dag sollen d’Pastafarianer et roueg ugoe loossen an wa meiglech e besse Sonn tanken. Freideger sinn deenen Idealer virbehalen, fir déi de Béiervulkan an d’Strippermanufaktur stinn. Et kann ee SENGE nuddlegen Unhängsel déi allergréissten Eier erweisen, wann ee Freideger mat grousser Pietéit begeet.

Zu de FESTDEEG ziele sou zimlech all déi grouss kommerziell ausgeschluechte Feierdeeg, déi och vun anere Relioune begaange ginn. Dess Festdeeg huele praktesch de ganzen Dezember an Usproch an zéihe sech bis an de Januar eran. Et ass erstaunlech ze gesin, wéi weit sech de Spaghettimonsterismus an deene leschte Joere verbreed huet. A ville Schoulen an Geschäfter ass mëttlerweil guer net méi vun „Chreschtdagszäit“ riets, mee vun de pastafarianesche „Festdeeg“. Dat ass ee sechere Beweis dofir, wei schnell mir wuessen.

Fir dess Iwwersetzung an Interpretatioun aus dem Evangelium e grousse Merci un eise grousse Pastafari a Pastheolog „Pharao“!

D’FSM erfellt d’Konditioune vum Stat August 12, 2007

Posted by Pastafari in Letzebuerg.
add a comment

Fir an de Genoss vun enger Konventioun mam Stat ze kommen, musse bekanntlech eng Rei Kriteren erfellt ginn. Obwuel mer dem Stat aus administrativen Ursachen ubidden, am Fall vum FSM op déi Konditiounen ze verzichten, versiche mer se trotzdem ze erfellen, sou dass häerno net behaapt ka ginn, mär hätte keng Konventioun verdingt.

  1. En éischte Kritere beseet, dass eng Reliounsgemeinschaft iwwert eng gewessen Aktivitéit zu Lëtzebuerg verfüge muss. Wéi enne riets op dësem Site kloer an däitlech ofzeliesen ass, hat d’Kierch vum fléiende Spaghettimonster méi wéi 1000 hits a manner wéi enger Woch. Et brauch ee kee grousse Mathematiker oder Sozialwëssenschaftler ze sinn, fir drop ze schléissen, dass et sech dobäi em d’Zuel vun iwwerzeechte Pastafari handelt, déi zu Letzebuerg liewen. D’Kierch vum fléiende Spaghettimonster verfügt demno zu Lëtzebuerg iwwert eng staark wuessend Aktivitéit.
  2. Als zweet Konditioun get gefuerdert, dass et sech bei der Glaawensgemeinschaft em e weltwäit Phänomen handelt. Eise Glaawe verbreed sech iwwert d’weltweit Netz, esou wéi e sech zu Zäite vun de Piraten iwwert d’Weltmier verbreed huet. An ebe wéi et fréier d’Weltmier war, ass et haut d’weltweit Netz, dat de Spaghettimonsterismus zur Weltrelioun iwwerhapt mecht.
  3. Weider muss déi concernéiert Glaawensgemeinschaft an mindestens engem aneren europäesche Land respektéiert ginn. Als Referenzland greife mer un deser Stell op eis däitsch Noperen zeréck, wou net nëmmen d’EVKdFSMiD e grousse Respekt genéisst, mee sech och och eng ganz Parti regional Kierche gegrennt hunn.
  4. De leschten a wuel wichtegste Kritere ass da wuel d’Konformitéit mat eiser groussaarteger a moderner Konstitutioun. Als déi friddlechst Relioun an der Geschicht vun der Menschheet a mat duerchaus flauschege moralesche Werter erfellt d’KvFSM dess Ufuederung mat grousser Liichtegkeet.

Domat sollt dann de Wee fir eng Konventioun tescht der Kierch vum fléiende Spaghettimonster an dem lëtzebuergesche Stat schlussendlech frei sinn.

Et sief awer unzemierken, dass d’Erfelle vu Kriteren eise Glaawen ennert aneren Emstänn massiv beleidege géif, well mär tendenziell eischter dervun ausginn, dass de Stat eis Kriteren erfelle sollt, a net ëmgedréint. Well eis d’Integratioun vu Letzebuerg an d’Gemeinschaft vum Spaghettimonsterismus awer besonneg um Härz leit, si mer ausnamsweis gewollt desst dach schon zimmlech respektlost Verhaale vum lëtzebuergesche Stat géigeniwwer eiser Gemeinschaft ze toleréieren an ze excuséieren.

FSM – The Game August 8, 2007

Posted by Pastafari in Spaass.
1 comment so far

Wann SENG Nuddelegkeet sech langweilt, spillt se eng Ronn: FSM – The Game

Lëtzebuergesch Sprooch, schwéier Sprooch? August 8, 2007

Posted by Pastafari in Letzebuerg.
2 comments

Mär goufen drop opmierksam gemat, dass d’lëtzebuergesch Sprooch, déi op desem Site geschriwwe get, net ganz korrekt ass. Dobai handelt et sech allerdings em ee Messverständnis. Déi Sprooch, déi hei geschriwwe get, ass nämlech kee normalt Lëtzebuergesch, mee villméi e pastafareschen Dialekt vum Lëtzebuergeschen, dee virun ca. 2500 Joer vun de Piraten geschwat gouf, déi zu där Zait op der Musel an virun allem um Stauséi zirkuléiert sinn.

Eis Fuederungen am Iwwerbléck August 7, 2007

Posted by Pastafari in Letzebuerg.
5 comments

Ennert der Rubrik „eis Fuederungen“ kennen ab elo eis Fuederungen zur Kenntnis geholl ginn. Mär hunn dess Decisioun getraff, da mer eis als eng demokratech Glaawens- & Wessensgemeinschaft verstinn. Just esou ass et méiglech, dass trei a strenggleeweg/wessend Pastafari Afloss op d’Fuederungen vun hierer Gemeinschaft hunn, ier se offiziell un d’Regierung geriit ginn. Falls also Verbesserungen oder Ergänzungen noutwendeg erschengen, loosst eis et wessen!

Beweismaterial August 5, 2007

Posted by Pastafari in Beweiser.
2 comments

Den eischte Block vun eisem empireche Beweismaterial ass ab elo effentlech zougänglech. Dat ass awer nach kee Grond ze panikéieren, well et steet eis nach sou munches bevir.

RAmen